D'Hollännesch Ekipp hat e Virsprong vun 20 Sekonnen op deen 2. Ineos. Duerch dës Victoire bleift den Hollänner Mike Teunissen de Leader am General.

Op der 2. Etapp vum Tour de France 2019 stoung zu Bréissel een Ekippenzäitfueren iwwer 27,6 Kilometer um Programm.

Jumbo-Visma konnt sech um Enn mat engem Virsprong vun 20 Sekonnen op Ineos d'Victoire sécheren. Op déi drëtte Plaz ass Deceuninck-Quick-Step mat engem Retard vun 21 Sekonne gefuer.

Ee vun de grousse Verléierer ass um 2. Dag de Romain Bardet. Hien huet mat senger Ekipp Ag2r La Mondiale 1 Minutt an 19 Sekonne verluer.

Am General bleift de Mike Teunissen am Giele Maillot. Hien huet e Virsprong vun 10 Sekonnen op säi Coequipier Wout van Aert.

De Resumé vun der Etapp

Op der 2. Etapp vum Tour de France 2019 stoung zu Bréissel een Ekippenzäitfueren iwwer 27,6 Kilometer um Programm.

Ineos, d'Ekipp ronderëm den Geraint Thomas an den Egan Bernal, ass als éischt op d'Streck geschéckt ginn. Mat enger Zäit vun 29 Minutten an 18 Sekonnen hu si wéi erwaart eng staark Leeschtung gewisen. Eng Ekipp no der anerer huet sech un dësem Chrono d'Zänn ausgebass.

Tëschenduerch huet déi britesch Ekipp misse bei Katusha Alpecin liicht zidderen. Den Ilnur Zacharin a Co lounge bei den Zwëschenzäite bei 13 an 20 Kilometer mat 3 respektiv 2 Sekonnen a Féierung. Um Enn war déi russesch Ekipp awer 6 Sekonne méi lues wéi Ineos.

Richteg spannend ass et dunn zum Schluss ginn. Deceuninck-Quick-Step war nämlech ganz no un enger neier Beschtzäit drun, ma op der Arrivée hunn hinnen 82 Honnertstel gefeelt.

Als lescht Ekipp ass Jumbo-Visma op de Circuit geschéckt ginn. De Mike Teunissen a Co ware ganz séier ënnerwee an haten no 13 Kilometer e Virsprong vu 14 Sekonnen op Ineos. No 20 Kilometer hat een d'Avance op16 Sekonnen ausgebaut. Jumbo-Visma ass bis zum Schluss net agebrach a konnt sech kloer d'Victoire sécheren. Mat engem Réckstand vun 20 Sekonnen ass Ineos op déi zweete Plaz komm. Deceuninck-Quick-Step huet sech op 21 Sekonnen als Drëtt klasséiert.

Zu de grousse Verléierer zielen um 2. Dag Trek Segafredo mam Richie Porte an Ag2r La Mondiale mam Romain Bardet. Si hunn 1 Minutt an 18 Sekonnen respektiv 1 Minutt an 19 Sekonne verluer.

Leader am General bleift de Miek Teunissen. Hien huet e Virsprong vun 10 Sekonnen op säi Coequipier Wout van Aert.

© Le Tour

D'Klassement vun der Etapp

De General