Net gutt gelaf ass et um Dënschdeg fir den Tom Wirtgen op der 3. Etapp vum Tour duerch Éisträich.

Hie gouf um Enn den 52. an huet domat bal 7 Minutte verluer.

Gewonne gouf d'Etapp vum Italiener Giovanni Visconti.

Neie Leader am General ass den Däitschen Jonas Koch.

Hei ass den Tom Wirtgen vun der 8. op déi 52. Plaz zeréckgefall.

Den Tour duerch Éisträich dauert nach bis e Freideg.