De Gewënner vun der 4. Etapp heescht Fred Wright. De Mann aus Groussbritannien konnt sech virum Joël Suter a Søren Waerenskjold behaapten.

E Sonndeg goung et beim Tour de l'Avenir mat der 4. Etapp weider, déi iwwer ronn 158 Kilometer vu Mauriac op Espalion gefouert huet.

De beschte Lëtzebuerger op knapp zwou Minutte gouf den Arthur Kluckers mat enger 16. Plaz. Zäitgläch mam Kluckers koum och de Cédric Pries als 26., de Colin Heiderscheid als 33. an de Michel Ries als 93. un. Op iwwer 5 Minutten als 132. ass de Maxime Weyrich iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer.

D'Generalklassement féier de Fransous Simon Guglielmi un. Hei ass de Michel Ries als 37. op knapp 3 Minutte beschte Lëtzebuerger.