Op der 4. a leschter Etapp vun der 7. Editioun vum Arctic Race of Norway ass de Pit Leyder als beschte Lëtzebuerger op 5 Minutten op der Arrivée ukomm.

Etappevictoire fir de Markus Hoelgaard op der leschter vun der 7. Editioun vum Arctic Race an Norwegen. D'Etapp e Sonndeg goung iwwer 165,5 Kilometer vu Lødingen op Narvik. Den Norweger konnt sech op de leschte Metere mat engem klenge Numero géint säi Landsmann Jansen behaapten. Den Alexey Lutsenko gouf den 3. an huet sech domat och d'Schlussvictoire geséchert.

Beschte Lëtzebuerger gouf de Pit Leyder vun der Formatioun Cofidis als 41. op 5 Minutten. Den Tom Wirtgen vu Wallonie-Bruxelles gouf iwwerdeems 53. mat engem Retard vun iwwer 7 Minutten.

Am General ass fir de Pit Leyder eng 44. a fir den Tom Wirtgen eng 55. Positioun erausgesprongen. Nieft dem Schlussgewënner Lutsenko huet sech de Warren Barguil just 1 Sekonn hannendrun als 2. placéiert. Den 3. op 19 Sekonne gouf de Krists Neilands.