Dem Christine Majerus hir Ekipp Boels-Dolmans Cycling Team huet en neien Haaptsponsor fonnt.

Nodeems Boels-Doelmans ugekënnegt hat, datt een Enn der Saison 2020 géif ophalen, wäert d'Ekipp vun 2021 un SD Worx Cycling Team heeschen.

Déi belsch Firma, déi am Déngschtleeschtungsberäich agéiert, gëtt schonn elo Co-Sponsor. Domat ass d'Zukunft vun enger vun de beschten Dammenekippe bis 2024 geséchert.

Der Lëtzebuerger Championne hire Kontrakt leeft Enn 2020 aus. Zanter 2014 fiert d'Christine Majerus fir Boels-Dolmans.