E Freideg ass et iwwer 161 Kilometer vu Sorgues op Apt gaangen. Am General bleift de Maximilian Schachmann a Féierung.

Op der 6. Etapp vu Paris-Nice gouf et no 161 Kilometer eng Victoire vum Belsch Tiesj Benoot. Hien huet sech mat enger Avance vun 22 Sekonne virum Michael Matthews aus Australien an dem Kolumbianer Sergio Higuita.

De Bob Jungels ass als 4. op 23 Sekonnen iwwert d'Arrivée gefuer. Den Alex Kirsch gëtt den 80. op 20 Minutten an 58 Sekonnen. De Jempy Drucker huet opginn.

Am General bleift de Maximilian Schachmann a Féierung. Den Däitschen huet e Virsprong vun 18 Sekonnen op den Tiesj Benoot. De Bob Jungels ass de 17. op 4 Minutten an 42 Sekonnen. An den Alex Kirsch ass den 83. op 43 Minutten an 9 Sekonnen.

E Samschdeg gëtt déi lescht Etapp vu Paris-Nice gefuer. D'Organisateuren haten e Freideg decidéiert, datt d'Etapp vun e Sonndeg net géing gefuer ginn.

Top 10 vun der Etapp

1 TIESJ BENOOT (TEAM SUNWEB) 03H 57' 02''
2 MICHAEL MATTHEWS (TEAM SUNWEB) + 00H 00' 22''
3 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA (EF PRO CYCLING) + 00H 00' 22''
4 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 23''
5 JULIAN ALAPHILIPPE (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 23''
6 VINCENZO NIBALI (TREK - SEGAFREDO) + 00H 00' 26''
7 THIBAUT PINOT (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 29''
8 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) + 00H 00' 29''
9 RUDY MOLARD (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 29''
10 NAIRO QUINTANA (TEAM ARKEA - SAMSIC) + 00H 00' 29''

General

1  MAXIMILIAN SCHACHMANN BORA - HANSGROHE 22H 46' 24''  
2  TIESJ BENOOT TEAM SUNWEB   + 00H 00' 36''
3  SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA EF PRO CYCLING   + 00H 01' 01''
4  FELIX GROSSSCHARTNER BORA - HANSGROHE   + 00H 01' 01''
5  MICHAEL MATTHEWS TEAM SUNWEB   + 00H 01' 10''
6  VINCENZO NIBALI TREK - SEGAFREDO   + 00H 01' 18''
7  RUDY MOLARD GROUPAMA - FDJ   + 00H 01' 29''
8  THIBAUT PINOT GROUPAMA - FDJ   + 00H 01' 30''
9  TANEL KANGERT EF PRO CYCLING   + 00H 01' 52''
10  JULIAN ALAPHILIPPE DECEUNINCK - QUICK - STEP   + 00H 02' 04''