Den Tour de Suisse ass de Critérium du Dauphiné gehéieren allebéid zu de Generalprouwe fir den Tour de France.

Den Organisateur, deen och den Tour de France organiséiert, huet elo decidéiert, datt d‘Course wéinst dem Coronavirus net gefuer gëtt. De Critérium du Dauphiné sollt vum 31. Mee bis de 7. Juni sinn.

Den Tour de Suisse, dee vum 7. bis de 14. Juni programméiert war, gouf wéinst der Corona-Pandemie vun den Organisateuren annuléiert.  Eng éischte Kéier zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich.

Heiheem sinn d‘24 Stonnen Vëlo Wëntger dëst Joer ofgesot. Déi 13. Editioun gëtt den 23. a 24. Juli d'nächst Joer nogeholl.