D'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun huet nei Datumer matgedeelt, fir déi national Meeschterschaften op der Strooss an den 3-Lännerchampionnat vun den Espoiren.

Déi national Meeschterschaften en Ligne an am Eenzelzäitfueren sinn elo de Weekend vum 22. August programméiert. Hei ass de Vëlosclub Mamerdall den Organisateur.

U sech war de Championnat vum 18. bis den 21. Juni geplangt. Den 3-Lännerchampionnat mat Lëtzebuerg, Däitschland an der Schwäiz ass den 2. August. Dat Ganzt gëtt vum Vëlosclub Dikrech organiséiert.

Wéini de Mountainbike-Championnat, organiséiert vun de Vëlosfrënn Gusty Bausch, zu Brouch ass, steet nach net fest.

Dat ganzt ka vun de respektive Veräiner natierlech just organiséiert ginn, wa bis dohin nees Vëloscourssen hei zu Lëtzebuerg däerfe sinn.