De 36 Joer alen Hollänner, deen aktuell fir d'Ekipp Total Direct Energie fiert, gouf no der Chute mam Rettungshelikopter an d'Klinik bruecht.

Den Niki Terpstra ass en Dënschdeg wärend dem Training um Däich tëscht de Stied Enkhuizen a Lelystad uerg gefall. De 36 Joer alen Hollänner huet sech dobäi schwéier blesséiert. Hollännesche Medien no ass seng Long kollabéiert, donieft huet hie sech e puer Rëpper an och d'Schlësselbeen gebrach a sech eng Gehirnerschütterung zougezunn.

"Den Niki ass haut beim Training schwéier gefall. E läit an der Klinick a muss do nach e puer Deeg bleiwen. Hien ass ausser Liewensgefor, ma hie wäert laang fir seng Reconvalescence brauchen", sou dem Vëlosprofi seng Fra op Instagram.