Den Ultra-Cyclist, deen dës Iddi scho laang am Kapp huet, wäert säi Weltrekordversuch den 11. an 12. Juli ronderëm de Veianer Staubaseng starten.

En Donneschdeg den Owend huet de Ralph Diseviscourt iwwert déi sozial Medien ugekënnegt, datt hien den 11. an 12. Juli wäert probéieren, fir de 24-Stonne-Weltrekord ze briechen. Den Ultracyclist huet sech dofir e Parcours ronderëm de Staubaseng zu Veianen erausgesicht.

Den "Dizzy" wëll Weltrekord briechen / Reportage Rich Simon

Ralph Diseviscourt: "Et ass eng Iddi déi ech schonns méi laang am Kapp hat déi awer net einfach ëmzesetzen war wéinst dem normale Programm vun de Courssen. Juli, August sinn normalerweis déi grouss Coursse wéi Race Across America. Wéinst dem Virus sinn déi awer ausgefall. Dofir ass elo ee gudden Ament fir ee Versuch ze starten. D´Form ass do ech konnt iwwer de Wanter gutt trainéieren. Fir mech ass et eng zousätzlech Motivatioun fir déi Courssen déi nach kommen an u menger Form ze feilen."

Den aktuelle 24-Stonne-Weltrekord op engem Circuit dobausse läit aktuell bei 894,349 Kilometer. Den Australier Mitch Anderson huet dësen 2018 realiséiert. Fir dee Weltrekord ze knacken, gëtt et fir de Ralph Diseviscourt eng Fauschtreegel:

Ralph Diseviscourt: "Esou laang wéi méiglech um Vëlo ze bleiwen an d´Pausen ze minimiséieren. Villäicht eng Kéier stoe bleiwen fir op Toilette ze goen oder eppes Waarmes unzedoen an der Nuecht. Mee soss heescht et duerchfueren an ee konstanten Rhythmus ze halen."

U sech hat sech den "Dizzy" dëst Joer als Zil gesat, fir bei der "Trans-Siberian Extreme"-Course un den Depart ze goen. Hei geet et mam Coursevëlo iwwer 15. Etappen an 9.100 Kilometer queesch duerch Russland. Op Grond vum Coronavirus huet de Lëtzebuerg dës Aventure missen op 2021 verréckelen.