Ugangs Mee gouf e Concours lancéiert, bei deem Kanner aus de Cyclen 1-4 d'Méiglechkeet haten, sech doheem eppes afalen ze loossen.

Ënnert all de Videoen, déi eragereecht goufen, sinn déi bescht ausgewielt ginn a viru Kuerzem goufen zu Zéisseng am Stade "Boy Konen" d'Präisser verdeelt.

D'Suzie Godart, déi de Projet mat lancéiert hat, huet et sech dann och net huele gelooss, fir deene Jonken, a Presenz vun e puer bekannte Gesichter aus der Lëtzebuerger Vëloswelt, d'Präisser z'iwwerreechen.

D'Vëlosfederatioun huet dat Ganzt mat koordinéiert a sou hofft een, méi Kanner fir de Vëlo ze begeeschteren. De Nowuess huet vill Éiergäiz gewisen a sou koumen immens flott Saachen eraus.

No der Éierung war de Bike-Park "Boy Konen" och weider gutt besicht a sou konnten d'Kanner dat, wat se doheem geüübt haten, direkt testen.