Den 103. Giro d'Italia am Cyclissem fänkt den 3. Oktober mat engem Eenzelzäitfueren iwwer 16 Kilometer an der Géigend vu Palermo op Sizilien un.

Déi éischt Arrivée op engem Bierg ass schonn op der drëtter Etapp, uewenaus op 1.775 Meter um Ätna. De Giro wäert dëst Joer wéinst dem Coronavirus quasi zäitgläich mat der Vuelta sinn. Den Tour duerch Italien geet de 25. Oktober op en Enn, den Tour duerch Spuenien fänkt den 20. Oktober un.