De Ben Gastauer huet säi Kontrakt bei AG2R fir eng Saison verlängert. De Lëtzebuerger fiert zanter 10 Joer fir déi franséisch Ekipp.

Nodeems de Kevin Geniets Mëtt Juli annoncéiert huet, dass hie säi Kontrakt bei Groupama FDJ verlängert huet, koum en Dënschdeg d'Nouvelle, dass och de Ben Gastauer 2021 weider um Profisniveau wäert fueren.De Lëtzebuerger Vëlosprofi fiert zanter 10 Joer fir déi franséisch Ekipp a gëllt als virbildlechen Equipier. Fir de Ben Gastauer léisst sech esou dës Saison mat enger gewësser Rou a Sécherheet op en Enn bréngen a kuckt am RTL-Interview och schonn op ee grousst Zil 2021 no vir.

Extrait Ben Gastauer

De Coureur vun AG2R ass awer net deen eenzegen, dem säi Kontrakt zum Schluss vun dëser Saison ausleeft.

Am Centre de formation zu Chambéry ass hie grouss ginn an zanter August 2009 fiert de Ben Gastauer fir AG2R. An dat wäert sech 2021 och net änneren. Den 32 Joer ale Lëtzebuerger huet säi Kontrakt em 1 Joer verlängert a geet deemno a seng 12. Saison bei der Formatioun vum Vincent Lavenu. Den Teamchef vun AG2R hat dem Ben Gastauer scho virum Confinement matgedeelt, dass hien de Schëfflenger an der Ekipp well halen. Haut ass den Deal offiziell ginn. De Ben Gastauer fiert de 7.August mam Tour de l'Ain seng éischte Course nom Lockdown.

Och dem Jempy Drucker säi Kontrakt leeft no 2 Joer bei Bora-Hansgrohe Enn Dezember aus. Den 33 Joer ale Klassikerspezialist ass um Ufank vun der Saison gutt gefuer a well virun allem bei de Pavésklassiker Enn Oktober iwwerzeegen. Mat gudde Resultater dierft engem neie Kontrakt näischt am Wee stoen.

Fir de Bob Jungels kéint et no 5 Joer beim Patrick Lefévère 2021 en Tapéitewiessel ginn. De Boss vun Deceuninck-Quick-Step wëll de Lëtzebuerger Champion halen, mee et hunn och nach aner Ekippen Interessi ugemellt. NTT Cycling, Bahrain, Ineos, AG2R an Israel Cycling hunn eng Offer gemaach mee De Bob Jungels konzentréiert sech aktuell op seng éischte Course. An dat ass d'Strade Bianche.

Wei de Bob Jungels sech schléit, dat kennt der e Samschden live op der Tele an op rtl.lu materliewen. De Cyclissem natierlech och weiderhin exklusiv op RTL.