Dat ass eng Etappecourse iwwer 5 Deeg am Nord-Weste vu Spuenien. Do konnt sech um éischten Dag den Éisträicher Felix Grossschartner duerchsetzen.

Hien ass domadd éischte Leader am General. E behaapt sech virum Portugis Joao Almeida an dem Spuenier Alejandro Valverde.

D’Course ass fir vill Pro-Tour Coureuren den éischten offiziellen Asaz zanter dem Ausbroch vun der Corona-Pandemie.

Déi zweet Etapp dierft éischter de Sprinter entgéintkommen. Hei geet et iwwer 168 Kilometer vu Castrojeriz op Villadiego.