Déi drëtt Etapp vun der Vuelta de Burgos am Cyclissem gouf en Donneschdeg op eng impressionant Aart-a-Weis vum jonke Belsch Remco Evenepoel gewonnen.

Hie konnt sech op der éischter Arrivée um Bierg en solitaire duerchsetzen, an ass och elo neie Leader am Général, 18 Sekonne virum Nei-Séilänner George Bennett.