"Coup double" vun Deceuninck Quickstep: den David Ballerini wënnt déi lescht Etapp, de Remco Evenepoel de General.

Déi 77. Editioun vum Tour duerch Polen wäert der Vëloswelt virun allem duerch déi schwéier Chute vum Hollänner Fabio Jakobsen an Erënnerung bleiwen. E Sonndeg goung den Tour iwwer 5 Etappen op en Enn.

Als Schlussvainqueur ass de Remco Evenepoel vun der Formatioun Deceuninck Quickstep ervirgaangen. De Podium gouf op de Plazen 2 an 3 vum Jakob Fuglsang vun Astana an dem Simon Yates vu Mitchelton-Scott komplettéiert.

D'Etapp e Sonndeg goung iwwer 188 Kilometer vu Zakopane op Krakau, no insgesamt 3 Montéeën an engem Tëschesprint hunn d'Coureure missen 3 Ronnen duerch Krakau fueren, ier de Gewënner vum Dag feststoung. An dat war am Sprint den Davide Ballerini och vun der Formatioun Deceuninck Quickstep. Op d'Plaz 2 koum de Pascal Ackermann vu Bora an als 3. iwwer d'Ligne d'Arrivée ass e Sonndeg den Alberto Dainese vu Sunweb gefuer.

Terminus och fir déi 2 Lëtzebuerger an der Coursse. No den 188 Kilometer koum de Ben Gastauer (AG2R) zäitgläich mam Gewënner als 67. un. Den Alex Kirsch (Trek Segafredo) hat als 111. eng knapp Minutt Retard.

Resultat vun der 5. Etapp

1 Ballerini Davide Deceuninck - Quick Step 4:31:22
2 Ackermann Pascal BORA - hansgrohe  ,,
3 Dainese Alberto Team Sunweb ,,
4 Gibbons Ryan NTT Pro Cycling ,,
5 Philipsen Jasper UAE-Team Emirates ,,
6 Barbier Rudy Israel Start-Up Nation ,,
7 Molano Juan Sebastián UAE-Team Emirates ,,
8 Bauhaus Phil Bahrain - McLaren ,,
9 Sajnok Szymon CCC Team ,,
10 Torres Albert Movistar Team ,,
...
67 Gastauer Ben AG2R La Mondiale ,,
...
111 Kirsch Alex Trek - Segafredo 0:56

D'Generalklassement

1 Evenepoel Remco Deceuninck - Quick Step 21:29:50
2 Fuglsang Jakob Astana Pro Team 1:52
3 Yates Simon Mitchelton-Scott 2:28
4 Majka Rafał BORA - hansgrohe 2:32
5 Ulissi Diego UAE-Team Emirates 3:09
6 Małecki Kamil CCC Team 3:12
7 Kelderman Wilco Team Sunweb 3:15
8 Vingegaard Jonas Team Jumbo-Visma 90 3:18
9 Nieve Mikel Mitchelton-Scott  ,,
10 Costa Rui UAE-Team Emirates 3:19
...
38 Gastauer Ben AG2R La Mondiale 10:39
...
131 Kirsch Alex Trek - Segafredo 50:37