An dat wéinst de Mesuren a Restriktiounen, déi wéinst dem Covid-19 an der Schwäiz gëllen.

Déi Decisioun ass e Mëttwoch eréischt geholl ginn, wéi een déi aktuell Situatioun an der Schwäiz analyséiert huet. Do si gréisser Manifestatioune mat iwwer 1.000 Leit nämlech nach bsi den 30. September verbueden. D'WM zu Aigle-Martigny sollt vum tëscht dem 20. an dem 27. September gefuer ginn, deemno an där Woch nom Tour de France.

E weidere Problem ass, dass Leit aus 45 Länner an der Schwäiz a Quarantän missten, deen Ament, wou se areesen. Och dëst wier e grousse Problem gewiescht, well heiduerch vun den iwwer 1.200 Coureuren aus allen Alterskategorien der schonns vill betraff wieren. Et wéilt ee fir all Cyclist an all Cyclistin awer déi nämmlecht Viraussetzunge schafen, heescht et vun der UCI.

Et kéint awer sinn, dass d'UCI, déi international Vëlosfederatioun, sech eng Dier ophält, fir d'WM op enger anerer Plaz ze organiséieren, wann eng Demande vun engem aneren Organisateur géif kommen.