En Dënschdeg war de Lëtzebuerger Ultracyclist an Éisträich un den Depart gaangen, e Samschdeg den Owend ass hien no ronn 2.200 Kilometer ukomm.

De Ralph Diseviscourt huet sech bei der Race Around Austria no 3 Deeg an 21 Stonnen déi 3. Plaz geséchert. En Dënschdeg den Owend um 20.32 Auer hat de Lëtzebuerger den Depart geholl an e Samschdeg den Owend um kuerz no 19.30 Auer waren d'Strapaze vu ronn 2.200 Kilometer an 30.000 Héichtemeter iwwerstanen an den Ultracyclist ass zu St. Georgen mat engem laachen am Gesiicht iwwert d'Arrivée gefuer.

No senger zweeter Plaz virun 3 bei der Course ronderëm Éisträich, war de Lëtzebuerger mat senger 3. Plaz dëst Joer awer och ganz zefridden.

Extrait Ralph Diseviscourt

De Ralph Diseviscourt: "D'Zil war et eng Plaz um Podium ze kréien. Et huet zäitweis net duerno ausgesinn, mee ech war awer zouversiichtlech iwwer déi ganz Course. Ech hat mir d'Kräfte gutt agedeelt. Ech hat de Rainer Steinberger an de Robert Müller een Ament fuere gelooss wou si mech an der éischter Nuecht iwwerholl hunn. Ech sinn einfach viru gefuer an hu mech net nervös maache gelooss. Mit woussten, dass de Christoph Strasser vir Tempo géif maachen, fir een neie Rekord ze fueren. Mir si roueg bliwwen, hu gutt geréiert a sinn doduercher 8 Stonne méi séier gewiescht wéi nach 2017.

An der Nuecht op e Samschdeg war de Ralph Diseviscourt vun der 4. op déi 3. Plaz no vir gefuer an hat déi Plaz e Samschdeg am Laf vum Dag och net méi hierginn.

Gewonnen gouf d'Course iwwerdeems vum grousse Favorit dem Éisträicher Christoph Strasser. Op déi zweete Plaz ass de Robert Müller aus Däitschland gefuer. D'Course ronderëm Éisträich war dëst Joer ganz staark besat a vill vun de beschten Ultracyclistë waren um Depart.