Op der leschter Etapp vum Tirreno-Adriatico konnt de Filippo Ganna d'Etapp am Contre-la-montre wannen. De Simon Yates ass den 18. ginn.

D'Etapp gouf zu San Benedetto del Tronto iwwert 10,1 Kilometer gefuer. Mat enger Zäit vun 10:42 konnt sech de Filippo Ganna duerchsetzen an d'Etapp gewannen.

Mat enger Zäit vun 11:32 ass de Simon Yates 18. vun der Etapp ginn, hält de bloe Maillot a gewënnt esou den Tirreno-Adriatico 2020.

Den Alex Kirsch war net um Depart dobäi, hien hat e Samschdeg d'Course opginn.

Déi 10 éischt vun der Etapp:

1 Ganna Filippo INEOS Grenadiers 10:42
2 Campenaerts Victor NTT Pro Cycling 0:18
3 Dennis Rohan INEOS Grenadiers 0:26
4 Thomas Geraint INEOS Grenadiers 0:28
5 Ludvigsson Tobias Groupama - FDJ 0:33
6 Thomas Benjamin Groupama - FDJ 0:34
7 Van Emden Jos Team Jumbo-Visma 0:39
8 Van Hooydonck Nathan CCC Team 0:40
9 Tratnik Jan Bahrain - McLaren ,,
10 Matthews Michael Team Sunweb 0:42

Déi 10 éischt a General:

1  Yates Simon (Mitchelton-Scott)  32:07:34
2 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) 0:17
3 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) 0:29
4 Kelderman Wilco (Team Sunweb) 0:56
5 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) 0:58
6 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) 1:18
7 Knox James (Deceuninck - Quick Step) 1:41
8 Woods Michael (EF Pro Cycling) 2:12
9 Brambilla Gianluca (Trek - Segafredo) 3:02
10 Haig Jack (Mitchelton-Scott) 3:10