En Donneschdeg war den Optakt vun der WM am Cyclissem zu Imola an Italien. Um 14.40 Auer war et de Contre-la-montre vun den Dammen.

D’Claire Faber goung als eenzeg Lëtzebuergerin un den Depart vun de knapps 32 Kilometer. Um Enn war et fir si déi 28. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten a 45 Sekonnen.

Gewonnen huet d'Hollännerin Anna van der Breggen, déi sech déi 3 Joer virdru jeeweils mat Sëlwer huet missen zefridde ginn. Um Enn hat d'van der Breggen eng Avance vu knapp 15 Sekonnen op d'Marlen Reusser aus der Schwäiz a vun 31 Sekonnen op hir Landsfra Ellen van Dijk.

D'Titelverdeedegerin Chloe Dygert aus den USA war gutt an der Course a war bei der éischter Tëschenzäit och iwwer 30 Sekonne virun der spéiderer Gewënnerin, ma ënnerwee ass d'Amerikanerin an enger Kéier iwwer d'Leitplanke geflunn a war esou aus der Course.