E Samschdeg den Owend war zu Reckeng op der Mess déi 2. Editioun vum Night-Cross.

De Scott Thiltges huet e Samschdeg zu Reckeng op der Mess den Night-Cross bei der Elite gewonnen. Den Alzenger hat um Enn e Virsprong vun 12 Sekonnen op de Lëtzebuerger Champion Lex Reichling aus dem Préizerdaul. Déi drëtte Plaz huet sech de Raphaël Kockelmann vun Déifferdeng geséchert. Hien hat e Retard vu ronn enger Minutt a gëtt domadder beschten Espoir.

Scott Thiltges wënnt virum Lex Reichling
E Samschdeg den Owend war zu Reckeng op der Mess déi 2. Editioun vum Night-Cross.

Bei den Damme war d'Victoire fir d'Marie Zeimeth aus Frankräich. Si huet sech mat engem Virsprong vun 48 Sekonne respektiv enger Minutt a 16 Sekonne virum Elise Maes an dem Nathalie Lamborelle behaapt.

Bei de Juniore war de Belsch Iben Rommelaere dee Séiersten. Op d'Plazen zwee an dräi sinn de Mathieu Kockelmann an den Noé Ury gefuer.

Bei den Debutanten war de Mats Berns de Beschten. Hien huet sech virum Noa Berton an dem William Roden duerchgesat.

Bei de Masters ass den Olivier Paderhuber als Éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Um Podium stoungen nach de Mario Matijevic an den Nelson Luis.

Et war déi zweete Kéier, datt den Night-Cross zu Reckeng op der Mess organiséiert gouf.

Déi nächst Woch fänkt dann déi nei Cyclocross-Saison un. Den Ufank mécht traditionell de Cross zu Brouch.