No 15 Etappen huet de Portugis nëmmen nach eng Avance vu 15 Sekonnen op den Hollänner.

Op der 15. Etapp vum Giro d'Italia ass et e Sonndeg iwwer 185 Kilometer vu Base Aerea Rivolto op Piancavallo gaangen. D'Victoire war hei fir de Britt Tao Geoghegan Hart. Hien hat op der Arrivée e Virsprong vun 2 Sekonnen op den Hollänner Wilco Kelderman. Als Drëtten ass den Neiséilänner Jai Hindley mat engem Retard vu 4 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.

De Leader Joao Almeida ass de 4. op 37 Sekonne ginn. Am General huet de Portugis elo nëmmen nach e Virsprong vu 15 Sekonnen op de Kelderman.

E Méindeg ass deen zweete Roudag am Giro. Hei ginn dann nees Corona-Tester gemaach. No de ville positive Fäll virun enger Woch, dierf ee gespaant sinn, wéi sech d'Situatioun entwéckelt huet.

D'Top 10 vun der Etapp

1 Geoghegan Hart Tao INEOS Grenadiers 100 80 4:58:52
2 Kelderman Wilco Team Sunweb 40 50 0:02
3 Hindley Jai Team Sunweb 20 35 0:04
4 Almeida João Deceuninck - Quick Step 12 25 0:37
5 Majka Rafał BORA - hansgrohe 4 18 1:22
6 Konrad Patrick BORA - hansgrohe 15 1:29
7 Knox James Deceuninck - Quick Step 12 1:36
8 Bilbao Pello Bahrain - McLaren 10 ,,
9 Fuglsang Jakob Astana Pro Team 8 ,,
10 Nibali Vincenzo Trek - Segafredo 6 ,,

De General

1 1 - Almeida João Deceuninck - Quick Step 20 59:27:38
2 2 - Kelderman Wilco Team Sunweb 0:15
3 10 ▲7 Hindley Jai Team Sunweb 2:56
4 11 ▲7 Geoghegan Hart Tao INEOS Grenadiers 2:57
5 3 ▼2 Bilbao Pello Bahrain - McLaren 3:10
6 6 - Majka Rafał BORA - hansgrohe 3:18
7 5 ▼2 Nibali Vincenzo Trek - Segafredo 3:29
8 7 ▼1 Pozzovivo Domenico NTT Pro Cycling 3:50
9 9 - Konrad Patrick BORA - hansgrohe 4:09
10 8 ▼2 Masnada Fausto Deceuninck - Quick Step 4:12