En Dënschdeg koum déi traureg Nouvelle aus dem Lëtzebuerger Cyclissem, dass den Éierepresident vum Tour de Luxembourg verscheet ass.

Hie war vun 1988 bis 2001 President vum Tour de Luxembourg an hat e groussen Undeel un der Popularitéit vum Tour duerch eist Land. Nom Scuri war de Frank Zeimet President ginn. Virun 3 Joer dunn huet den Andy Schleck d'Presidentschaft vum Tour duerch Lëtzebuerg vum Zeimet iwwerholl.