De Michel Ries gouf de 95. op 2 Minutten an 20 Sekonnen. Neie Leader am General ass elo de Primoz Roglic, zäitgläich mam Richard Carapaz.

No 10 vun 18 Etappen ass de Primoz Roglic elo nees de Leader am General, dat duerch seng Etappevictoire an d'Zäitbonifikatioun. Souwuel de Roglic wéi och de Carapaz hu 40 Stonnen, 25 Minutten a 15 Sekonnen um Chrono stoen.  Drëtten am General ass den Daniel Martin op 25 Sekonnen.

De Michel Ries ass de 56. op iwwer 1 Stonn an 2 Minutten an 52 Sekonnen.