Beim Cyclocross Weltcup zu Dendermonde an der Belsch gouf et eng Victoire vum Lucinda Brand aus Holland.

Si hat eng Avance vu 15 Sekonnen op d'Clara Honsinger aus den USA a vu 24 Sekonnen op d'Hollännerin Ceylin del Carmen Alvarado. D'Lëtzebuergerin Christine Majerus koum op déi 11. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten an 20 Sekonnen.

D'Resultat am Iwwerbléck

1 Lucinda Brand (Ned) Telenet Baloise Lions 0:45:27
2 Clara Honsinger (USA) 0:00:15
3 Ceylin del Carmen Alvarado (Ned) Alpecin - Fenix 0:00:24
4 Fem Van Empel (Ned) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:00:40
5 Annemarie Worst (Ned) 777 0:00:45
6 Sanne Cant (Bel) IKO - Crelan 0:00:48
7 Kata Blanka Vas (Hun) 0:00:54
8 Denise Betsema (Ned) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:01:22
9 Manon Bakker (Ned) Credishop - Fristads 0:01:35
10 Yara Kastelijn (Ned) Credishop - Fristads 0:02:13
11 Christine Majerus (Lux) 0:02:20