Am Kader vun der EKZ Cross Tour stoung e Samschdeg an der Schwäiz déi lescht Manche um Programm.

D'Christine Majerus no der Course am Interview

Bei den Damme konnt sech um Enn d'Lëtzebuerger Championne Christine Majerus mat engem Virsprong vu 24 Sekonnen duerchsetzen. Op de Podium hunn et hannendrun nach d'Elisabeth Brandau aus Däitschland an d'Eva Lechner aus Italien gepackt. Mat dëser Victoire am Gepäck geet et fir d'Championnen dann elo zeréck bei hir Ekipp an de Stage.

Christine Majerus iwwer Victoire a Stage / Jeff Kettenmeyer

Bei de Juniore sinn iwwerdeems 3 Lëtzebuerger Coureuren un den Depart gaangen. De Jo Schmitz huet et dobäi op déi 12. Plaz gepackt, dat kuerz virum Mil Morang, deen den 13. ginn ass. De Lenny Kleman ass op déi 25. Plaz komm.

Beim Cyclocross zu Troyes war e Samschdeg dës weideren nach d'Marie Schreiber am Asaz. D'Lëtzebuerger Coureuse konnt sech dobäi déi 6. Plaz sécheren, dat mat engem Retard vun 1.23 Minutten op d'Gewënnerin Laurianne Duraffourg aus Frankräich.

D'Top 10

1 MAJERUS Christine (LUX) 20:15:00
2 BRANDAU Elisabeth (GER) +0:24
3 LECHNER Eva (ITA) +0:45
4 CLAUZEL Hélène (FRA) +1:34
5 KOLLER Nicole (SUI) +2:15
6 KRÄHEMANN Lara (SUI) +2:43
7 HAVLIKOVA Pavla (CZE) +2:47
8 SCHNEEBELI Jacqueline (SUI) +3:16
9 HALTER Monique (SUI) +3:22
10 ZÜGER Tina (SUI) +3:45