De "Roger le fou", deen de Maillot jaune beim Tour de France am Joer 1953 hat, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

Wärend 13 Saisonen (1952-1965) ass hie bei bekannte Vëloscoursse matgefuer an huet esouguer 8 Etappe vum Tour de France gewonnen. Hien huet sech net nëmmen en Numm duerch seng sportlech Leeschtungen, mä och duerch säi Charakter a seng eenzegaarteg Bemierkunge gemaach gehat.

3 Mol huet hien de Critérium national gewonnen (1954, 1956, 1958), 1 Mol den Tour du Sud-Est (1953), d'Boucles de la Seine am Joer 1959 an de Championnat de France 1954.