Aus Lëtzebuerger Siicht hätt d'Marie Schreiber an där Alterskategorie esouguer eng Chance op eng Medail gehat.

D'Course vun de Juniorinnen an de Junioren op der Cyclocross Weltmeeschterschaft Enn Januar zu Ostende goufen e Freideg vun de belschen Autoritéite wéinst der Covid-Pandemie ofgesot, dat huet d'UCI, déi international Vëlosfederatioun, matgedeelt.

Aus Lëtzebuerger Siicht huet d'Marie Schreiber an där Alterskategorie zu de Medaile-Kandidate gezielt.

D'Coursse vun den Dammen an den Häre bei der Elite an den Espoire sinn awer wéi virgesinn.