Wärend dem Training vun der Ekipp Bora-hansgrohe ass et e Samschdeg zu engem méi schlëmmen Accident komm. En Auto ass an de Grupp Coureure gerannt.

Wirbelbréch a Blessuren um Kapp: Zwee Coureure vun der däitscher Profi-Vëlosekipp Bora-hansgrohe hu sech e Samschdeg bei engem uergen Accident um Gardaséi an Italien schwéier blesséiert. Den Andreas Schillinger an deen als Kapitän fir den Tour de France engagéierten Hollänner Wilco Keldermann hu bei enger Kollisioun mat engem Auto Frakturen a Gehirnerschütterungen dovunner gedroen. De Rüdiger Selig huet sech näischt gebrach, ma muss wéinst enger Gehirnerschütterung och eng Paus aleeën.

Wéi Medie mellen, solle siwe Coureure vun der Ekipp ugestouss gi sinn. Bei de Coureuren, déi ouni Blessuren dovunner komm sinn, handelt et sech den Infoe vu cyclingsnews.com no ëm de Maximilian Schachmann, de Marcus Burghardt, den Anton Palzer an de Michael Schwarzmann. D'Bréch beim Schillinger (Hals- a Broschtwirbelsail) a Keldermann (Réckewirbel) solle konservativ behandelt ginn, dat huet Bora e Sonndeg matgedeelt.

Zum Accident war et komm, well ee SUV-Chauffer d'Virfaart net soll beuecht hunn an et doduerch zu enger Frontalkollisioun mat de Coureure komm ass.

De Bora-hansgrohe-Profi Ide Schelling huet iwwert säi Strava-Profil matgedeelt, datt d'Coureuren, déi an den Accident verwéckelt waren, op enger Zousazronn nom eigentlechen Training waren. E puer Profien hätten deemno decidéiert, fir den Training ëm eng hallef Stonn ze verlängeren. De Schelling war net mat dobäi an doduerch och net an den Accident involvéiert.