Beim Weltcup zu Overijse an der Belsch ass d'Lëtzebuergerin bei der Victoire vum Ceylin del Carmen Alvarado mat iwwer 2 Minutten op déi 21. Plaz gefuer.

Bei der Generalprouf fir d'Weltmeeschterschaft nächste Weekend zu Ostende, ass d'Christine Majerus beim Weltcup zu Overijse an der Belsch e Sonndeg de Mëtteg un den Depart gaangen. D'Cyclistin vun der Ekipp SD Worx hat op der Zillinn e Réckstand vun 2 Minutten a 36 Sekonnen op d'Hollännerin Ceylin del Carmen Alvarado vum Team Alpecin-Fenix. Op der 2. a 3. Plaz sti mam Lucinda Brand a Manon Bakker zwou weider Hollännerinnen um Podium.

Am Nomëtteg ass d'Course bei de Häre gefuer ginn. Hei ka sech de Belsch Wout van Aert (Jumbo-Visma) als Gewënner feiere loossen. Mat engem Retard vun iwwer 1 Minutt fiert de Mathieu van der Poel op déi 2. Plaz. Déi leschte Plaz um Podium ass fir de Britt Thomas Pidcock.

RTL ass den nächste Weekend live bei der Cyclocross-WM zu Ostende mat dobäi. Op der Tëlee an am Stream op RTL.lu ginn d'Coursse vun den Dammen-Elite an den Hären-Elite live iwwerdroen.

Top 10 bei den Damme

1 Ceylin del Carmen Alvarado (Ned) Alpecin - Fenix 0:49:48
2 Lucinda Brand (Ned) Baloise Trek Lions 0:00:20
3 Manon Bakker (Ned) Credishop - Fristads 0:00:21
4 Clara Honsinger (USA) 0:00:34
5 Denise Betsema (Ned) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:00:40
6 Sanne Cant (Bel) IKO - Crelan 0:00:48
7 Anna Kay (GBr) Starcasino CC Team 0:00:56
8 Evie Richards (GBr) Trek Factory Racing CX 0:00:58
9 Blanka Kata Vas (Hun) 0:01:15
10 Marianne Vos (Ned) 0:01:21

Top 10 bei den Hären

1 Wout Van Aert (Bel) 1:05:57
2 Mathieu Van Der Poel (Ned) Alpecin - Fenix 0:01:03
3 Thomas Pidcock (GBr) Trinity Racing 0:02:07
4 Michael Vanthourenhout (Bel) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:02:24
5 Toon Aerts (Bel) Baloise Trek Lions 0:02:49
6 Lars Van Der Haar (Ned) Baloise Trek Lions 0:03:26
7 Laurens Sweeck (Bel) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:03:35
8 Corné Van Kessel (Ned) Tormans Cyclo Cross Team 0:03:41
9 Quinten Hermans (Bel) Tormans Cyclo Cross Team 0:03:57
10 Gianni Vermeersch (Bel) Credishop - Fristads 0:04:12