De Cyclist vum AG2R-Citroën-Team ka sech am Sprint virum Thomas Boudat behaapten. Beschte Lëtzebuerger ass de Ben Gastauer op der 30. Plaz.

Am Cyclissem ass d'Saison e Sonndeg mam Grand Prix Cycliste la Marseillaise richteg lancéiert ginn. Mat Ben Gastauer, Luc Wirtgen an Ivan Centrone sinn och 3 Lëtzebuerger a Südfrankräich um Depart gewiescht.

Gewonnen huet d'Course am Sprint den Aurélien Paret-Peintre. De Coureur vun AG2R Citroën setzt sech am Fotofinish virum de Thomas Boudat duerch. Als Drëtte fiert de Bryan Coquard iwwert d'Ligne d'Arrivée.

Als beschte Lëtzebuerger klasséiert sech de Ben Gastauer als 30. mat knappen 18 Sekonne Retard. Den Ivan Centrone gëtt den 73., 9 Minutten a 3 Sekonne ass säi Réckstand. De Luc Wirtgen fiert mat iwwer 15 Minutte Réckstand als 100. iwwert d'Zil.

D'Top10

1 Aurélien Paret-Peintre (AG2R Citroën) 4:24:29
2 Thomas Boudat (Arkéa-Samsic) +0:00
3 Bryan Coquard (B&B Hotels p/b KTM) +0:00
4 Francisco Galvan (Equipo Kern Pharma) +0:00
5 Arjen Livyns (Bingoal WB) +0:00
6 Tim Wellens (Lotto Soudal) +0:00
7 Matteo Trentin (UAE Emirates) +0:00
8 Lilian Calmejane (AG2R Citroën) +0:00
9 Julien El Farès (EF Education-Nippo) +0:00
10 Odd Christian Eiking (Intermarché-Wanty-Gobert) +0:00