Op der 3. Etapp vun der Étoile de Bessèges, gouf et no 156 Kilometer ee Succès fir de Belsch Tim Wellens.

Beschte Lëtzebuerger gouf den Ivan Centrone. Als 17. hat hien e Retard vun 3 Minutten an 13 Sekonnen. Dee Retard hat och den Alex Kirsch als 69. De Jempy Drucker gouf de 87. op iwwer 13. Minutten.

No der 3. Etapp ass den Tom Wellens elo och neie Leader. Den Ivan Centrone ass den 53. an den Alex Kirsch den 61. Allebéid op 3 Minutten a 26 Sekonnen. De Jempy Drucker ass den 83. op iwwer 13 Minutten.