Beschte Lëtzebuerger war den Ivan Centrone op der 29. Plaz. Hie fiert mat engem Réckstand vun 33 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch.

Op der 4. Etapp vun der Étoile de Bessèges huet sech e Samschdeg de Filippo Ganna d'Victoire geséchert. Den Italiener hat sech ronn 5km virun der Arrivée aus dem Spëtzegrupp ofgesat a konnt säi Virsprong vun iwwer 15 Sekonne bis op d'Zillinn verdeedegen. Op déi 2. Plaz ass de Christophe Laporte vu Cofidis gefuer. Als Drëtten huet sech mam nämmlechte Retard vu 17 Sekonnen den däitsche Pascal Ackermann (Bora-Hansgrohe) klasséiert.

Als beschte Lëtzebuerger huet sech den Ivan Centrone als 29. op 33 Sekonne klasséiert. De Jempy Drucker ass mat engem Retard vun 1 Minutt an 49 Sekonnen als 92. iwwert d'Zil gefuer. Den Alex Kirsch ass den 105. ginn. De Coureur vun Trek-Segafredo hat e Réckstand vun 2 Minutten an 58 Sekonnen.

Am General bleift den Tim Wellens Leader. Den Ivan Centrone verbessert sech op déi 27. Plaz. Säi Réckstand sinn 3 Minutten an 42 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass den 69. op iwwer 6 Minutten. De Jempy Drucker ass de 84. op iwwer 14 Minutten.

D'Top10

1 Filippo Ganna (Ita) INEOS Grenadiers 03:22:59
2 Christophe Laporte (Fra) Cofidis 00:00:17
3 Pascal Ackermann (GER) BORA - hansgrohe 00:00:17
4 Greg Van Avermaet (Bel) AG2R Citroën Team 00:00:17
5 Milan Menten (Bel) Bingoal - WB 00:00:17
6 Bryan Coquard (Fra) B&B Hotels p/b KTM 00:00:17
7 Cyril Barthe (Fra) B&B Hotels p/b KTM 00:00:17
8 Nils Politt (GER) BORA - hansgrohe 00:00:17
9 August Jensen (Nor) Delko 00:00:17
10 Mads Würtz Schmidt (Den) Israel Start-Up Nation 00:00:17

De General


1 Tim Wellens (Bel) Lotto Soudal 13:40:54
2 Edward Theuns (Bel) Trek - Segafredo 0:00:44
3 Mads Würtz Schmidt (Den) Israel Start-Up Nation 0:00:46
4 Michal Kwiatkowski (Pol) INEOS Grenadiers 0:00:48
5 Philippe Gilbert (Bel) Lotto Soudal 0:00:49
6 Greg Van Avermaet (Bel) AG2R Citroën Team 0:00:50
7 Jake Stewart (GBr) Groupama - FDJ 0:00:50
8 Nils Politt (GER) BORA - hansgrohe 0:00:50
9 Odd Christian Eiking (Nor) Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:00:50
10 Michael Gogl (AUT) Team Qhubeka ASSOS 0:00:58