De Ben Gastauer hat op der éischter Etapp am Tour duerch d'Baskeland als 104. e Retard vun enger Minutt a 47 Sekonnen.

E Méindeg stoung op der éischter Etapp am Tour duerch d'Baskeland een Zäitfueren iwwer 13,89 Kilometer um Programm. Fir de Primoz Roglic ass de Chrono no 17 Minutten a 17 Sekonne stoe bliwwen. Hie war domadder de Séiersten. Mat engem Retard vun zwou Sekonnen ass de Brandon McNulty den Zweete ginn. De Jonas Vingegaard hat als Drëtten e Réckstand vun 18 Sekonnen.

Mam Ben Gastauer ass och ee Lëtzebuerger beim Tour duerch d'Baskeland um Depart. Op der éischter Etapp ass hien den 104. op eng Minutt a 47 Sekonne ginn.

Top 10 vun der Etapp

1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:17:17 48.220
2 MCNULTY Brandon UAE-Team Emirates 0:02 48.127
3 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 0:18 47.397
4 FOSS Tobias Team Jumbo-Visma 0:24 47.129
5 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:28 46.952
6 YATES Adam INEOS Grenadiers ,, 46.952
7 BEVIN Patrick Israel Start-Up Nation ,, 46.952
8 SCHELLING Ide BORA - hansgrohe 0:29 46.908
9 ARANBURU Alex Astana - Premier Tech 0:30 46.864
10 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 0:31 46.820
...
104 GASTAUER Ben AG2R Citroën Team 1:47 43.710