An der Belsch ass e Mëttwoch déi 109. Editioun vum Scheldeprijs gefuer ginn.

Bei den Hären huet sech en Donneschdeg no 193 Kilometer tëscht Terneuzen a Schoten de Belsch Jasper Philipsen d'Victoire beim Scheldeprijs geséchert. Hien huet sech am Sprint virum Ir Sam Bennett an dem Britt Mark Cavendish behaapt.

Bei den Damme war d'Hollännerin Lorena Wiebes déi Bescht. Si huet sech am Sprint virun der Dänin Emma Norsgaard an der Italienerin Lisa Balsamo duerchgesat. Mam Claire Faber war och eng Lëtzebuergerin um Depart. D'Coureuse vun der Ekipp Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch ass am Peloton als 45. an der nämmlechter Zäit wéi d'Gewënnerin iwwert d'Arrivée gefuer.

Top 10 vun den Hären

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix 0:00:00
2 BENNETT Sam Deceuninck - Quick Step ,,
3 CAVENDISH Mark Deceuninck - Quick Step ,,
4 VAN POPPEL Danny Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
5 RUSSO Clément Team Arkéa Samsic ,,
6 ACKERMANN Pascal BORA - hansgrohe ,,
7 MOZZATO Luca B&B Hotels p/b KTM ,,
8 NIZZOLO Giacomo Team Qhubeka ASSOS ,,
9 SARREAU Marc AG2R Citroën Team ,,
10 VAN GESTEL Dries Team Total Direct Energie ,,

Top 10 vun den Dammen

1 WIEBES Lorena Team DSM 3:26:49
2 NORSGAARD Emma Movistar Team ,,
3 BALSAMO Elisa Valcar - Travel & Service ,,
4 MOBERG Emilie Drops - Le Col s/b TEMPUR. ,,
5 KLEIN Lisa Canyon SRAM Racing ,,
6 SIERRA Arlenis A.R. Monex Women's Pro Cycling Team ,,
7 ROY Sarah Team BikeExchange ,,
8 ALONSO Sandra Bizkaia Durango ,,
9 DIDERIKSEN Amalie Trek-Segafredo Women ,,
10 KOOL Charlotte NXTG Racing ,,