Déi 22 Joer al Cyclistin hätt missten operéiert ginn, wier awer uspriechbar, gëtt den Tjarco Cuppens zitéiert.

Déi Lëtzebuerger Profi-Cyclistin Claire Faber ass e Mëttwoch beim Training vun engem Auto ugestouss a schwéier blesséiert ginn.

Dat krut d’Tageblatt vum sportleche Chef vun hirer Ekipp Andy Schleck Cycles CP NVST Immo Losch confirméiert. Déi 22 Joer al Cyclistin hätt missten operéiert ginn, wier awer uspriechbar, gëtt den Tjarco Cuppens zitéiert.

Op Nofro hin huet den Andy Schleck RTL géintiwwer den Accident bestätegt. Weider Informatiounen huet hien awer nach net.

RTL-Informatiounen no war den Accident e Mëttwoch géint 13.15 Auer op der N31. Dat géif iwwerteneestëmme mat enger Meldung aus dem Policebulletin vun e Mëttwoch, wou op der Kräizung rue de Rumelange - rue des Noyers e Cyclist an en Auto kollidéiert sinn. D'Claire Faber koum deemno vum Keeler Potto erof an ass Richtung Esch gefuer. Am Agang Esch koum et dunn zu enger Kollisioun mat engem Auto.

E Freideg hätt d’Claire Faber u sech sollen un den Depart vum Tour Elsy Jacobs goen.