Lass geet et fir de fréiere Vëlosprofi den 1. Mee.

De Frank Schleck gëtt Coordinateur bei der FSCL, der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun.

De fréiere Vëlosprofi wäert dësen neie Poste vum 1. Mee un ugoen.

Zu den Aufgabe gehéieren, nieft der Koordinatioun tëscht alle Parteien am nationale Cyclissem, och de Rôle vum Mentor vun de jonken Athletinnen an Athleten.

Déi beschte Coureure sinn natierlech d'Aushängeschëlder fir d'Vëlosfederatioun. D'FSCL ass sech awer bewosst, dass ee sech net nëmmen däerf ëm de Kompetitiounssport bekëmmeren. Och déi Leit, déi de Vëlo fir déi deeglech Mobilitéit benotzen, solle sech kënne mat der Vëlosfederatioun identifizéieren. An dat soll och eng Roll sinn, an där de Fränk Schleck aktiv soll ginn, esou de President vun der FSCL, de Camille Dahm.

"Wann ee Cyclissem seet, da soll een un d'FSCL denken. Mir sinn net nëmme Kompetitioun, mir sinn de ganze Volet. Mir si Mobilité douce, mir si Loisir, Cyclotourismus natierlech, awer och Kompetitioun."

De Fränk Schleck zielt zu de gréisste Coureuren, déi et bei eis am Land bis elo gouf. Fir d'Vëlosfederatioun war et de richtege Mann fir de Poste vum Coordinateur.

"Ech hoffen, dass ech vill ëmgesat kréien. Awer net nëmme reng de Champion oder de sportlechen Deel. Ech sinn awer involvéiert, fir ee Rotschlo ze ginn an och als Mentor ze fungéiere fir déi jonk Coureuren. Awer och fir de Vëlo am Groussen a Ganze mat de Vëlosfederatioun no vir ze bréngen. Meng Erfarung a meng Freed a Passioun weider ze ginn. De Loisir an den Tourismus an alles wat domadder zesummenhänkt."

De Fränk Schleck soll awer och nach hëllefen, de Dammen-Vëlossport no vir ze bréngen.

"Et muss een natierlech éierlech sinn, dass duerch een Dammentrainer, d'Dammen eis net wäerten esou zoulafen. Mir wëllen awer och un deem Beräich schaffen."

An do hofft de Camille Dahm, dass et duerch d'Aarbecht vum Fränk Schleck och no der Ära Christine Majerus positiv mam Damme-Cyclissem bei eis am Land weidergeet.