D'Hollännerin huet sech mat enger Avance vun 3 Sekonne virum Leah Kirchmann aus Kanada duerchgesat.

Elsy Jacobs - Rep. Rich Simon

E Freideg den Owend stoung beim Optakt vum Festival Elsy Jacobs ee Prolog vun 2,2 Kilometer um Programm. Déi séiersten Zäit ass d'Lorena Wiebes gefuer. Fir si ass de Chrono no 3 Minutten 12 Sekonnen an 30 Honnertstel stoe bliwwen. Si ass domadder och d'Leaderin. Op déi zweete Plaz ass d'Leah Kirchmann gefuer. Si hat e Retard vu ronn 3 Sekonnen. Déi drëtte Plaz ass fir d'Karlijn Swinkels och op ronn 3 Sekonnen.

D'Christine Majerus ass mat enger Zäit vun 3 Minutten 18 Sekonnen a 77 Honnertstel op déi excellent 8. Plaz gefuer. D'Nina Berton ass 96. op 28 Sekonne ginn.

E Samschdeg gëtt dann déi éischt Etapp gefuer an e Sonndeg ass et den Ofschloss mat der zweeter Etapp.

Dir kënnt d'Course de Weekend iwwer am Livestream op RTL.lu live suivéieren.

Reaktiounen nom Prolog

Mam Nina Berton a Christine Majerus sinn dëst Joer just 2 Lëtzebuergerinnen um Depart. Dobäi ass natierlech dem Christine Majerus dat beschte Resultat zouzetrauen. D´Lëtzebuergerin huet 2017 D´Course konnte gewannen. Gëschter ass beim Prolog eng 8. Plaze eraus gesprongen. An dat mat engem Retard vu 6 Sekonnen op d'Gewënnerin Lorena Wiebes: "Ech ka mat mengem Effort zefridde sinn. Virun allem no engem Mount keng Coursse fueren. Dat ass ongeféier dat heftegst wou´s de kann´s domadder ufänken. Meng Wäerter sinn esou wéi ee sech dat beschtefalls konnt erhoffen. Vun deem hir muss ech zefridde sinn. D'Lonneke Uneken ass 5. Elo hu mir der zwee an den Top 10 déi net all ze wäit am General fort sinn. Et läit elo net un eis d´Course an d´Hand ze huelen. Dat ass och eng gutt Saach."

D'Nina Berton ass ee vun deene Jéngsten am Peloton. Mat grad emol 19 Joer ass et virun allem wichteg bei esou enger Course Erfarung ze sammelen. Gëschter ass eng 96. Plaz beim Prolog eraus gesprongen. Um Enn hat d'Nina Berton 28 Sekonne Retard op d´Gewënnerin: "Et war schonns ustrengend. Virun allem mat der Kopp am Ufank. Den Niveau ass extrem héich hei. Ech erwaarde mir och keng ganz gutt Resultater. Et ass einfach flott zu Lëtzebuerg ze fueren an dann och mat esou engem héijen Niveau. Mol kucke wat eraus kennt."

E Samschdeg geet et iwwer 125 Kilometer vu Stengefort zeréck op Stengefort. Fir d´éischt gëtt een Tour iwwer Land vu 44 Kilometer gefuer. Duerno stinn nach 4 Bouclë vun allkéiers 20 Kilometer ronderëm Stengefort um Programm. Wéinst der Covid-Situatioun si keng Spectateuren op der Arrivée erlaabt. Dofir kenn dir awer d´Course bei eis am Stream vu 4 Auer u kucken.

D'Top 10 vum Prolog

1 WIEBES Lorena Team DSM 0:03:12 (Zäit) 41.250 (Moyenne)
2 KIRCHMANN Leah Team DSM 0:03 40.615
3 SWINKELS Karlijn Team Jumbo-Visma Women ,, 40.615
4 DE JONG Thalita Bingoal Casino - Chevalmeire Cycling Team 0:05 40.203
5 UNEKEN Lonneke SD Worx ,, 40.203
6 KOSTER Anouska Team Jumbo-Visma Women ,, 40.203
7 WINDER Ruth Trek-Segafredo Women 0:06 40.000
8 MAJERUS Christine SD Worx ,, 40.000
9 MARKUS Riejanne Team Jumbo-Visma Women 0:07 39.799
10 NORSGAARD Emma Movistar Team ,, 39.799

Schreiwes Christine Majerus

Christine Majerus a pris aujourd’hui la huitième place du prologue du Ceratizit Festival Elsy Jacobs. Elle termine à six secondes de Lorena Wiebes (Team DSM) qui a effectué les 2,2 kilomètres de ce tracé dans un temps de 3’12. La néerlandaise a devancé de trois secondes sa coéquipière Leah Kirchmann tandis que Karlijn Swinkel (Team Jumbo Visma) complète le podium.

Pour la championne luxembourgeoise du Team SD Worx, il s’agit d’un bon chrono qui lui permet de rentrer dans le top 10 avant la première étape de demain qui se déroulera à Steinfort.