No 5. Etappen duerch d'Algarve a Portugal konnt sech de Lokalmatador João Rodrigues d'Victoire vum Tour sécheren.

Déi 5. a leschten Etapp vun der 47. Editioun vum Tour duerch d'Algarve iwwer gutt 170 Kilometer vun Albufeira op Malhão gouf vum Fransous Élie Gesbert am Sprint virum João Rodrigues gewonnen. Drëtte gouf de Joni Brandão mat engem Réckstand vun 9 Sekonnen.

Am General konnt sech de João Rodrigues duerch seng zweete Plaz am General un d'Spëtzt setzen. De Portugis konnt sech hei géint de Britt Ethan Hayter duerchsetzen

Aus Lëtzebuerger Sicht war de Kevin Geniets mat um Depart.  De Lëtzebuerger gouf um Sonndeg de 75. mat gutt 7 Minutte Retard op de Vainqueur. Am General gouf hien um Enn de 85. mat iwwer 25 Minutte Réckstand.

D'Top10

1  GESBERT Élie Team Arkéa Samsic   30 4:10:10
2  RODRIGUES João W52 / FC Porto   18 ,,
3  BRANDÃO Joni W52 / FC Porto   12 0:09
4  LASTRA Jonathan Caja Rural - Seguros RGA   7 0:11
5  ANTUNES Amaro W52 / FC Porto   4 0:15
6  SILVA Joaquim Tavfer-Measindot-Mortágua   3 0:17
7  PRODHOMME Nicolas AG2R Citroën Team   2 0:18
8  ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step   1 0:19
9  HENAO Sebastián INEOS Grenadiers     0:21
10  HAYTER Ethan INEOS Grenadiers     ,,

De General

1  RODRIGUES João W52 / FC Porto   150 19:03:56
2  HAYTER Ethan INEOS Grenadiers   110 0:09
3  ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step   90 0:28
4  LASTRA Jonathan Caja Rural - Seguros RGA   80 0:41
5  GESBERT Élie Team Arkéa Samsic   70 0:44
6  GUERNALEC Thibault Team Arkéa Samsic   60 0:48
7  BOUET Maxime Team Arkéa Samsic   55 1:13
8  HENAO Sebastián INEOS Grenadiers   50 1:27
9  BRANDÃO Joni W52 / FC Porto   45 1:40
10  NAVARRO Daniel Burgos-BH   40 1:54