En Donneschdeg stoung déi 6. Etapp vum Giro d'Italia um Programm,hei goung et iwwer 160 Kilometer vu Grotte di Frasassi op Ascoli Piceno.

D'Arrivée war uewen um Bierg, deemno eng éischt méi schwéier Biergetapp. Um Enn gouf et eng Victoire en solitaire vum Schwäizer Gino Mäder, deen als eenzegen aus engem Spëtzegrupp eraus d'Favoritte konnt hannert sech loossen.

De Schwäizer hat um Enn eng Avance vun 12 Sekonnen op den Egan Bernal, den Dan Martin an de Remco Evenepoel.

Am General ass de jonken Attila Valter den neie Leader. Den 22 Joer ale Coureur ass deen éischten Ungar, deen a Rosa fiert. Hien huet e Virsprong vun 11 Sekonnen op de Remco Evenepoel a vu 16 Sekonnen op den Egan Bernal.

D'Top 10 vun der Etapp

1 MÄDER Gino Bahrain - Victorious
2 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:12
3 MARTIN Dan Israel Start-Up Nation ,,
4 EVENEPOEL Remco Deceuninck - Quick Step ,,
5 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 0:14
6 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 0:25
7 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers ,,
8 SOLER Marc Movistar Team 0:27
9 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 0:29
10 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech ,,

D'Top 10 vum General

1 VALTER Attila Groupama - FDJ
2 EVENEPOEL Remco Deceuninck - Quick Step 0:11
3 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:16
4 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 0:24
5 VERVAEKE Louis Alpecin-Fenix 0:25
6 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 0:38
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 0:39
8 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 0:41
9 MARTIN Dan Israel Start-Up Nation 0:47
10 YATES Simon Team BikeExchange 0:49

Quiz