Op der 6. Etapp vum Giro d'Italia gouf et fir d'Ekipp Deceuninck-Quick Step eng Schrecksekonn.

Do gouf de Pieter Serry nämlech vun engem Auto vun der Ekipp BikeExchange ugestouss. Zum Gléck koum de Belsch mat engem Schreck dovun a konnt kuerz drop nees weiderfueren.

D'Ekipp BikeExchange krut eng Strof vun 1.800 Euro a muss op der 7. Etapp ganz um Enn vun der Auto-Kolonn fueren. De Fuerer vum Auto an de sportleche Leeder vun der Ekipp, den Gene Bates, goufe vum Giro ausgeschloss.