E Samschdeg ass et op der zweetleschter Etapp vum Critérium du Dauphiné iwwer 171.1 Kilometer vu Saint-Martin-Le-Vinoux op La Plagne gaangen.

D'Victoire konnt sech um Enn de Mark Padun en solitaire sécheren, dat mat engem Virsprong vu 34 Sekonne op de Richie Porte. Op déi drëtte Plaz ass de Miguel Angel Lopez komm.
De Kevin Geniets ass als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vu ronn 9 Minutten als 32. iwwert d'Arrivée gefuer an de Michel Ries ass de 65. ginn.

Am General iwwerhëllt eng Etapp viru Schluss de Richie Porte duerch seng zweete Plaz e Samschdeg d'Féierung. Den Alexey Lutsenko steet mat engem Retard vu 17 Sekonnen op der 2. Plaz.

Déi lescht Etapp um Sonndeg kënnt Dir och nees vun 13.40 Auer un um 1. RTL op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

D'Top10

1 PADUN Mark Bahrain - Victorious 4:35:07
2 PORTE Richie INEOS Grenadiers 0:34
3 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:43
4 HAIG Jack Bahrain - Victorious  ,,
5 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team 0:47
6 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 0:52
7 GAUDU David Groupama - FDJ 0:56
8 MAS Enric Movistar Team ,,
9 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:59
10 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 1:00

32 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 9:25

65 RIES Michel Trek - Segafredo 18:27

De General

1 PORTE Richie INEOS Grenadiers 10 25:28:06
2 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 0:17
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:29
4 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 0:33
5 HAIG Jack Bahrain - Victorious 0:34
6 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:38
7 IZAGIRRE Ion Astana - Premier Tech ,,
8 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team 1:00
9 GAUDU David Groupama - FDJ 1:12
10 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team

74 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 42:49

84 RIES Michel Trek - Segafredo 46:40