De Lëtzebuerger Tom Wirtgen huet sech no 5 Etappen als 26. op 2 Minutten 43 klasséiert.

De Remco Evenepoel huet den Tour duerch d'Belsch gewonnen. De jonke Belsch hat sech och op der zweeter vun de fënnef Etappen d'Victoire geséchert. Den Yves Lampaert (+46 Sekonnen) an den Gianni Marchand (+56 Sekonnen) hunn de belsche Podium komplett gemaach.

Op der leschter Etapp e Sonndeg hat sech no 178 Kilometer de Britt Mark Cavendish am Massesprint d'Victoire geséchert.

Mam Tom Wirtgen war och ee Lëtzebuerger beim Tour duerch d'Belsch um Depart. Hien ass op der 5. Etapp zäitgläich mam Gewënner als 37. iwwert de wäisse Stréch gefuer. Am General kënnt hien op déi 26. Plaz op 2 Minutten an 43 Sekonnen.

D'Resultat vun der 5. Etapp

1 CAVENDISH Mark Deceuninck - Quick Step 3:50:29
2 MERLIER Tim Alpecin-Fenix ,,
3 ACKERMANN Pascal BORA - hansgrohe ,,
4 GROENEWEGEN Dylan Team Jumbo-Visma ,,
5 BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic ,,
6 COQUARD Bryan B&B Hotels p/b KTM ,,
7 WEEMAES Sasha Sport Vlaanderen - Baloise ,,
8 BONIFAZIO Niccolò Team Total Direct Energie ,,
9 EWAN Caleb Lotto Soudal ,,
10 VAN POPPEL Danny Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
...
37 WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB ,,

D'Schlussklassement

1 1 - EVENEPOEL Remco Deceuninck - Quick Step 15:41:59
2 2 - LAMPAERT Yves Deceuninck - Quick Step 0:46
3 3 - MARCHAND Gianni Tarteletto - Isorex 0:56
4 4 - FISHER-BLACK Finn Team Jumbo-Visma 1:04
5 7 ▲2 SCHELLING Ide BORA - hansgrohe 1:08
6 5 ▼1 BOUWMAN Koen Team Jumbo-Visma ,,
7 6 ▼1 SWIFT Connor Team Arkéa Samsic 1:12
8 8 - RIESEBEEK Oscar Alpecin-Fenix 1:13
9 9 - AERTS Toon Baloise - Trek Lions ,,
10 10 - DE BUYST Jasper Lotto Soudal 1:18
...
26 30 ▲4 WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB 2:43