De Bob Jungels hat sech d’lescht Woch blesséiert an huet misse Forfait erklären. De Sportler huet Problemer mat der Iliaque-Ven a muss operéiert ginn.

En Dënschdeg koum d'Nouvelle, dass och de Jempy Drucker an den Alex Kirsch net wäerten beim Tour de France dobäi sinn. Och wann den Teamchef Cédric Vasseur der l'Equipe nach am Februar gesot hat, dass Cofidis de Jempy Drucker sécher géif fir d'Grande Boucle nominéieren, wäert den 2. vum nationale Championnat  e Samschdeg net zu Brest um Depart sinn. En Donneschdeg hat Cofidis déi 6 éischt Coureure fir den Tour annoncéiert, en Dënschdeg dunn déi zwee lescht. Dobäi hunn déi Offiziell vun der franséischer Ekipp bis zum leschte Moment gewaart, fir dem Jempy Drucker Bescheed ze soen.

Och bei Trek Segafredo ass d'Decisioun ganz spéit gefall. Den Alex Kirsch krut och eréischt e Méindeg d'Nouvelle, dass hien et knapp net an d’Selektioun gepackt hätt.