En Mëttwoch de Moie stoung nom Zäitfuere vun den Dammen och dat vun den Hären un.

Hei konnt sech de Slowen Primoz Roglic d'Victoire sécheren, deen am Virfeld och als ee vun den Toppfavoritten gegollt huet.

An enger Zäit vun 55 Minutten, 4 Sekonnen an 19 Honnertstel ass hien iwwer d'Arrivée gefuer a war domat méi wéi eng Minutt méi séier wéi den Hollänner Tom Dumoulin (56:05,58), deen d'Sëlwermedail konnt gewannen. Den Australier Rohan Dennis (56:08,09) huet de Podium komplettéiert.

RTL

© AFP

D'Top 10 vum Klassement

1 ROGLIC Primoz Slovenia 0:55:04
2 DUMOULIN Tom Netherlands +1:01
3 DENNIS Rohan Australia +1:04
4 KÜNG Stefan Switzerland ,,
5 GANNA Filippo Italia +1:06
6 VAN AERT Wout Belgium +1:41
7 ASGREEN Kasper Denmark +1:48
8 URÁN Rigoberto Colombia +2:15
9 EVENEPOEL Remco Belgium +2:17
10 BEVIN Patrick New Zealand +2:20

© RTL