Dat huet seng Ekipp AG2R Citroën offiziell matgedeelt. De 33 Joer ale Lëtzebuerger ass déi leschten 12 Joer fir déi franséisch Ekipp gefuer.

De gréissten Erfolleg vum Ben Gastauer war de Succès beim Tour du Haut Var 2015. 13 Mol ass hie bei groussen Tier ewéi dem Tour de France, dem Giro d’Italia oder der Vuelta un den Depart gaangen. Bei 14 grousse Vëlosklassiker war hie mat senger Ekipp dobäi an och grouss Succèse konnt de Ben Gastauer mat der Ekipp feieren. Ënnert anerem d'Podium-Plaze vum Jean-Christophe Peraud an dem Romain Bardet beim Tour de France.

De Grond, fir d’Enn vu senger Karriär, ass eng Blessur. Zënter Abrëll plot sech de Ben Gastauer mat Hautreizungen an entzünte Plazen, déi him Problemer maache fir sech op de Suedel ze setzen. Dës Problemer hunn him ënnert anerem den Depart beim Giro d’Italia kascht a limitéieren hien och nach haut.

De Tour de Luxembourg, deen tëscht dem 14. an dem 18. September gefuer gëtt, ass dem Schëfflenger seng leschte Etappecourse. Hien ass frou, datt seng Karriär viru senger Famill an senge Frënn op een Enn geet. Och den Direkter vun der Ekipp schwätzt vun engem emotionale Moment.

De Ben Gastauer huet och schonn e puer Pläng fir d'Zukunft. No senger Profikarriär wëll hien ënnert anerem fir Kiné studéieren.