En Donneschdeg war bei der Cyclissem-EM d'Zäitfuere vun den Dammen iwwer 22,4 Kilometer.

Bei der Cyclissem-Europameeschterschaft huet d'Schwäizerin Marlen Reusser d'Zäitfueren iwwer 22,4 Kilometer bei den Damme gewonnen, dat virum Ellen van Dijk aus Holland an dem Lisa Brennauer aus Däitschland. Aus Lëtzebuerger Siicht war d'Claire Faber um Depart. Déi 23 Joer jonk Cyclistin koum um Enn op déi 28. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten an 48 Sekonnen.

Bei den Häre war de Stefan Küng de Séiersten. De Schwäizer ass déi 22,4 Kilometer 8 Sekonne méi séier gefuer wéi den Italiener Filippo Ganna. Um Podium stoung nach de Belsch Remco Evenepoel.