Den 23 Joer jonke Lëtzebuerger ënnerschreift e Kontrakt vun 2 Joer bei der franséischer Profi-Ekipp.

Domat gëtt de Michel Ries Co-Equipier vun ënnert anerem dem Warren Barguil an dem Nairo Quintana. De jonke Lëtzebuerger huet dann och preziséiert, datt en houfreg ass un der Säit vun deenen zwee ze fueren an datt e sécherlech vill vun hinne léiere kéint.