Gold huet sech an der Stroossecourse vun den Espoiren de Belsch Thibau Nys geséchert.

E Samschdeg de Moie stoung an Italien bei der Europameeschterschaft am Cyclissem d'Stroossecourse vun den Espoiren um Programm. Zu Trento waren 133,6 Kilometer ze fueren.

Als beschte Lëtzebuerger huet sech den Tom Paquet op der gudder 12. Plaz klasséiert. De Lëtzebuerger hat e Retard vun 19 Sekonnen op de Gewënner Thibau Nys. De Belsch huet sech am Sprint virum Italiener Filippo Baroncini an dem Spuenier Juan Ayuso behaapt.

Den Arthur Kluckers ass de 24. op 23 Sekonne ginn. De Cédric Pries, de Mats Wenzel an de Loïc Bettendorff hu sech als 51., 57. respektiv 64. klasséiert. Allen dräi op 6 Minutten. De Raphaël Kockelmann ass d'Course net op en Enn gefuer.