E Méindeg de Moie gouf déi 87. U-23 Weltmeeschterschaft am Cyclissem iwwer 30,3 Kilometer vu Knokke op Bruges gefuer.

Den Arthur Kluckers kënnt op déi 41. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten a 17 Sekonnen op den neie Weltmeeschter Johan Price Pejtersen. Den Dän ass de Parcours a 34 Minutten an 29 Sekonne gefuer. Den zweete Lëtzebuerger, de Loïc Bettendorf, huet als 52. 3 Minutten an 32 Sekonne Retard.

De Podium gëtt komplettéiert vum Lucas Plapp aus Australien (op 10 Sekonnen) a vum Florian Vermeersch (op 11 Sekonnen) aus der Belsch. Fir déi dänesch Delegatioun ass et eng ganz emotional Victoire. E Sonndeg war jo de fréiere Profi an Expert bei der dänescher Tëlee Chris Anker Sörensen bei der Reconnaissance vum Parcours, bei engem Accident ëm d'Liewe komm.